Am Garer Quartier an der StadEng Partie Infraktioune bei grousser Drogekontroll

RTL Lëtzebuerg
Op Vältesdag hat d'Police eng gréisser Kontroll am Stater Garer Quartier duerchgefouert. De Fokus louch op der Drogekriminalitéit an der Immigratioun.
© Police

17 Beamte vun der Police an en Drogenhond hunn am Ganze 34 Persoune kontrolléiert.

Wéinst Verstéiss géint d’Drogegesetz goufen dräi Avertissements taxés geschriwwen. A véier Fäll gouf e Protokoll geschriwwen. Et goufe Cannabis, Haschisch, Kokain an Extasy séchergestallt. Ausserdeem gouf e Protokoll wéinst illegalem Waffebesëtz geschriwwen.

Zwou Persoune goufen iwwerdeems bei der Immigratiounsdirektioun vum Inneministère gemellt.

Back to Top
CIM LOGO