
D’Persoun gouf kontrolléiert, den Alkoholtest ass positiv verlaf. De Permis gouf agezunn.
Änlech Situatioun um 3 Auer zu Nidderkuer, wou och en Autofuerer negativ duerch seng Fuerweis opgefall ass, de Chauffeur war nämlech ze séier. Hie konnt kuerz nodeems d’Police d’Gefier gesinn huet gestoppt ginn. Bei der Kontroll konnt festgestallt ginn, dass de Chauffeur ënnert héijem Alkoholafloss stoung. Den Alkoholtest gouf vun him refuséiert, sou dass de Permis agezu gouf.
Eng Stonn drop ass e Chauffeur mat héijer Vitesse zu Stadbriedemes an eng Verkéierskontroll geroden. Wéi him signaliséiert gouf, stoen ze bleiwen, ass dësen, nodeems e kuerz ofgebremst huet, weidergefuer an ass iwwert d’Géigespuer knapp laanscht d’Police fortgefuer. Hien ass mat héijer Vitess a Richtung Réimech geflücht. No enger kuerzer Poursuite konnt d’Gefier gestoppt ginn. Och hei war den Test positiv an de Permis war de Chauffeur lass.
Kuerz no 4 Auer dann huet en Autofuerer tëscht Fluessweiler an Dräibuer d’Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass an de Rampli geroden. Dobäi gouf och e Stroosseschëld matgerappt. Den Alkoholtest war positiv, och hei war de Fürerschäin fort.
Vill ze séier an a Schlaangelinne war e Chauffeur géint 4 Auer an der Hollerecher Strooss an der Stad ënnerwee. Nodeems och hei den Test positiv war an de Permis agezu gouf, ass de Beamten opgefall, dass et sech ëm e Widderhuelungstäter dréit. De Parquet gouf dunn informéiert, wat als Konsequenz mat sech gezunn huet, dass och den Auto saiséiert gouf.