
Et gouf direkt eng gréisser Sichaktioun an d’Weeër geleet, mat Police, Rettungsdaucher, CGDIS, Rettungshelikopter an och de Kolleegen aus Däitschland.
De Mann konnt kuerz drop vun engem Rettungsdaucher fonnt an erausgezu ginn. Trotz Reanimatiounsversich konnt just nach den Doud vum Mann festgestallt ginn.
De Parquet gouf informéiert an huet eng Obduktioun ordonéiert, fir déi genee Ëmstänn vum Doud festzestellen. Och d’Spueresécherung gouf beoptraagt, weider Ermëttlungen duerchzeféieren.