
Méi genee huet et géint 3 Auer an engem Haus an der Rue de l’Eglise zu Uewerkäerjeng gebrannt. Eng Persoun gouf dobäi liicht blesséiert. De Samu-Noutdokter vun Esch an d’Ambulanciere vum Zenter Suessem-Déifferdeng a vu Schëffleng hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert. D’Feier geläscht hunn d’Pompjeeë vu Käerjeng, Esch, Koler a Monnerech.
Donieft mellt de CGDIS nach ee Blesséierte bei enger Kollisioun an der Eecher Strooss an der Stad. Hei hat et kuerz viru 17.30 Auer geknuppt. D’Rettungsekippe vu Mamer an aus der Stad waren op der Plaz.