
Dësen huet doropshi Feier gefaangen. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Ambulanze vu Lëntgen an aus der Stad an d’Pompjeeë vu Luerenzweiler, Lëntgen, Nidderaanwen an aus der Stad waren op der Plaz. Den Tunnel war wärend de Rettungsaarbechten a béid Direktioune fir den Trafic gespaart. Um Freideg gouf dann och direkt nach de Belag gefléckt, do wou den Auto gebrannt hat. Dofir gouf déi riets an déi mëttelst Spuer gespaart. Den Tunnelmeeschter Christian Ewert huet RTL géintiwwer d’Prozedur erkläert, a war der Meenung, dass géint 20 Auer den Tunnel nees komplett fir den Trafic wäert opgoen.
Ee weidere Blesséierte gouf et dann, wéi um 6.04 Auer en Auto op der N24 tëscht Uewerpallen a Biekerech accidentéiert ass. Géint 7.10 Auer ass dann en Auto um Keeler Potto an de Gruef gefuer. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.