Feier an Appartement zu MamerEng Persoun dout aus dem Gebai gebuerge ginn

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et en Dënschdeg den Owend géint 21.20 Auer e Feier an enger Residence zu Mamer.
© Domingos Oliveira

Wéi et e Mëttwoch de Moie vun der Police heescht, gouf eng Persoun dout aus dem Gebai gebuergen. De Parquet gouf informéiert an eng Autopsie ugefrot. D’Police technique war op der Plaz. Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.

D’Pompjeeë vu Mamer an aus der Stad waren am Asaz, grad wéi de Samu.

E Mëttwoch de Moien hat de CGDIS a sengem Bulletin vun engem Blesséierte geschwat.

© Domingos Oliveira

Zu Diddeleng ass en Dënschdeg am Feierowendtrafic dann och e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO