Zu MamerEng Persoun mat Trottinette gefall, SAMU war am Asaz

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter goufen e Freideg géint 18.30 Auer op en Asaz an d'rue Henri Kirpach op Mamer geruff.

Hei war eng Persoun mat enger elektrescher Trottinette gefall a gouf blesséiert.

D’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Mamer waren am Asaz, grad ewéi de Stater SAMU.

E Samschdeg de Moie kuerz no 6 Auer hat et tëscht Koplescht a Schëndels gerabbelt. Zwee Autoe waren net laanschtenee komm. Wéi de CGDIS schreift, goufen zwou Persoune verwonnt. Ambulanze vu Lëntgen a Mamer waren am Asaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Koplescht.

Back to Top
CIM LOGO