
Géint 1.30 Auer goufen hei aus der Garage ënnert anerem zwou Trottinettë matgeholl. D’Police hat sech sou séier wéi méiglech op d’Sich gemaach a konnt déi verdächteg Persoun och kuerz drop festhuelen. Donieft konnten déi geklaute Saachen net wäit vum Abroch séchergestallt ginn. En Donneschdeg gouf den Täter virun den Untersuchungsriichter bruecht.