
D’Police huet d’Affer fonnt an et gouf an d’Spidol ageliwwert. Éischten Informatiounen no wier d’Affer vun enger Rei Persounen iwwerfall ginn, heescht et am Policebulletin. No enger Sich konnten d’Beamten déi Verdächteg fannen a stellen. Op Uerder vum Parquet gouf de Virfall protokolléiert.
Zu Heesdref an zu Bieles goufen der Police iwwerdeems direkt e puer Abréch gemellt. En Dënschdeg den Owend war et een Haus zu Heesdref, an dat Krimineller agebrach sinn an e puer Räim duerchwullt hunn. Éischten Informatiounen no goufen hei Bijoue geklaut.
An der Rue de l’Usine zu Bieles gouf iwwerdeems en Abroch an d’Garage vun engem Haus gemellt, bei deem d’Abriecher probéiert haten, ee Motorrad ze klauen. Dat ass hinnen awer net gelongen. Amplaz hu si Handwierksgeschier matgoe gelooss, nodeems si och an de Gaardeschapp vum Haus agebrach sinn. A béide Fäll huet d’Police Ermëttlungen an d’Weeër geleet. Wéi ee sech am Beschte virun Abréch schützt, gitt Dir hei um Site vun der Police gewuer.