
Ugefaange kuerz no 12 Auer zu Rodange an der Rue Nic Biever, do gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss a verwonnt.
Weider mellt den 112 nach 3 Accidenter, ouni Detailer ze nennen. Gerabbelt hat et deemno géint 15.45 Auer op der RN10 tëscht Waasserbëlleg a Méischdref, kuerz viru 16 Auer op der RN06 tëscht Mamer a Capellen an nach emol um 16.35 Auer um CR163 tëscht Leideleng-Gare a Bartreng. Allkéiers gouf et ee Blesséierten.
Gebrannt hat et dann nach kuerz viru 16.30 Auer zu Housen an der Haaptstrooss. Hei ass kengem eppes geschitt.