
Kuerz virun 13.28 Auer gouf zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs eng Persoun vun engem Auto ugestouss. D’Ambulanze vun Diddeleng an Esch an d’Pompjeeë vu Rëmeleng waren hei op der Plaz.
Knapp eng Stonn méi spéit ass dann e Motocyclist op der Streck tëscht Gäichel an Habscht gefall. Hie gouf vun der Ambulanz vu Stengefort an de Pompjeeë vun Habscht a Stengefort versuergt.