
Déi sougenannt Maison de la Transition Alimentaire, gouf en Dënschdeg zu Schëffleng ageweit. D’Haus an der Avenue de la Libération huet eng laang Geschicht a soll och an Zukunft en Treffpunkt an der Gemeng bleiwen.
An der Geschäftsstrooss zu Schëffleng war deemools e Vëlosbuttek, dee vu praktesch jidderengem an der Gemeng besicht gouf, zielt de Buergermeeschter Paul Weimerskirch. An dat Vëlosgeschäft huet engem gewëssenen Här Entenich gehéiert: “Jiddereen hat den Här Entenich an d’Häerz geschloss an hie selwer sot ëmmer, wann hien eemol net méi do wier, sollt d’Haus un d’Gemeng goen. An e sot och, datt e wéilt, datt et e Lieu de solidarité oder en Haus vun der bienfaisance soll sinn.”

SOS Faim, déi hir Büroen zu Schëffleng hunn, hate scho viru puer Joren d’Iddi vun engem Projet, bei deem net just Experten a Produzenten, mee och Bierger sech kënnen treffen, fir zesummen un Iddien an Initiativen ze schaffen, fir eng nohalteg Ernierung an Agrikultur. D’Danielle Bruck vun SOS Faim erkläert, datt net just Evenementer op dëser neier Plaz sollen organiséiert ginn, mee datt et drëms geet, Interessi bei de Leit ze schafen:
“D’Leit sollen net direkt mussen eppes maachen, mee ronderëm sech kucken, sech wuel fillen. Et geet och drëm, ze sensibiliséieren, wisou mer dat maachen, wisou et wichteg ass. Mee et ass eis och wichteg, eng Communautéit ronderëm d’Haus ze gestallten, wou d’Leit sech an engem Kollektiv zesummefannen a soen: ‘Mir wëllen eis aktiv bedeelegen un engem Ernierungswandel, dee mer brauchen’.”
Um Rez-de-chaussée ass e klenge Bar an e Raum, wou Debate kënnen organiséiert ginn, Filmowenter kënnen organiséiert ginn a vill méi. Donieft ginn et nach 3 Stäck:
“Um 1. Stack hu mer eng Kichen an e Gemeinschaftsraum fir d’Leit, déi hei wunnen. An dann hu mer 8 Kummeren, wou Volontairen a Studente kënne liewen, déi sech fir eis Thematiken interesséieren a sech wëllen an de Projet abréngen.”
D’Rosalie Adele ass eng vun den zwou Volontairë vun SOS Faim. Mat 19 Joer ass et hir wichteg, sech ze engagéieren:
“Ech maache gär Saachen, wou ech weess, datt et fir e gudden Zweck ass. An ech fannen, et ass souguer méi wéi dat, et ass e Sujet, deen eis all betrëfft. Teranga wäert eng Plaz sinn, wou mer jiddereen empfänke kënnen an iwwert dee Sujet kënne schwätzen. An dat fannen ech wichteg!”
SOS Faim sicht den Ament nach zwou Persounen am Alter tëscht 18 a 26 Joer, déi sech an de Projet abréngen. Dës kënnen dann och fir en abordabele Präis am Haus liewen.
