"Le Grand Livre de Classe"Eng Rees an d'Vergaangenheet vun der Lëtzebuerger Educatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Schoulbänk hu mir alleguerten missten drécken an hu sécherlech nach vill Erënnerungen un dës Zäit.
"Le Grand Livre de Classe"
Eng Rees an d’Vergaangenheet vun der Lëtzebuerger Educatioun

Den Educatiounsministère huet an de leschten 2,5 Joer och mat ville Leit iwwert hir Erënnerungen un d’Schoul geschwat an huet och an den Archive gewullt.

Dobäi erauskomm ass en Internetsite, wou een déi ganz Geschicht ronderëm d’Educatioun hei am Land kann liesen. “Le Grand Livre de Classe” bitt engem e ganzen Iwwerbléck op enger Plaz.

Nach méi ronderëm d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Educatioun gesitt der e Samschden den Owend um 20.00 Auer an engem Documentaire vum Frank Grotz hei op RTL.

Back to Top
CIM LOGO