An der Nuecht op e SonndegEng Rei Automobilisten hu misse wéinst Alkohol aus dem Verkéier gezu ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an der Nuecht op e Sonndeg tëschent Hesper an Izeg an op e puer Plazen an der Stad Alkoholkontrolle gemaach, déi de Parquet ordonéiert hat.
© RTL-Archiv

163 Automobilisten hu misse blosen an a 17 Fäll war den Alkoholtaux ze héich. Dräi Chaufferen hunn hire Führerschäin op der Plaz missen ofginn.

Kontrolle goufen et e Samschdeg den Owend awer och zu Mäerzeg an zu Viichten. Tëschent 17.30 Auer an 21.15 Auer goufe 433 Chauffere kontrolléiert. Ënnert hinne waren der siwen, déi ze vill gedronk haten, fir ze fueren. D’Police huet ee Führerschäin op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO