
Wéi d’Police matdeelt, war e Sonndeg an der Route d’Esch zu Gaasperech eng Persoun mat hirem Gefier bei enger Rouder Luucht op een aneren Auto opgefuer. Wéi sech bei der Kontroll rausgestallt huet, war de Chauffer alkoholiséiert. Hie krut doropshi säi Führerschäin agezunn.
Zu Uewerpallen ass op der Réidenerstrooss kuerz drop een Auto an enger Kéier an e Bam gerannt. De Chauffer, deen dobäi liicht blesséiert gouf, krut no engem positiven Alkoholtest de Permis ofgeholl.
Een drëtte Fall gouf et zäitgläich dann nach zu Viichten, wou ee Chauffer duerch seng geféierlech Fuerweis opgefall war a kuerz drop vun der Police ausgebremst konnt ginn. Och hei gouf de Führerschäin agezunn.
An der Stad ass der Police dann um fréie Méindeg de Moien ee gewalttätegen Déifstall gemellt ginn. Den Täter hat enger Fra op eng aggressiv Aart a Weis d’Posch vun der Schëller gerappt a sech an eng onbekannt Richtung duerch d’Bascht gemaach. Zanterhier lafen d’Ermëttlungen.