Vandalismus an der Gemeng JonglënsterEng Rei Gemenge-Wunnenge sinn op onbestëmmten Zäit net bewunnbar

Fanny Kinsch
Claudia Kollwelter
No engem Akt vu Vandalismus ass e Wunnkomplex mat Gemenge-Wunnengen zu Jonglënster fir laang Zäit net bewunnbar.
Vandalismus zu Jonglënster
Onbekannter hu fir gréissere Schued op engem Chantier vun Appartementer zu Jonglënster gesuergt.

Vun den néng Appartementer si 6 Stéck vum Schued betraff. Ma wat war geschitt? Wéi de Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries erkläert, hunn Onéierlecher sech an der Nuecht vum leschte Mëttwoch op de leschten Donneschdeg Zougang zu de Wunnenge verschaaft. D’Lavaboen an de Buedzëmmer goufe verstoppt an d’Krinn opgedréint. Dat mam Resultat, dass d’Waasser an d’Maueren d’Biedem an d’Plaffonge gezunn ass. Doduerch sinn d’Dieren opgequollen an a verschiddenen Appartement gouf d’Lëftungsanlag beschiedegt.

Eigentlech war de Chantier an der Endphas an d’Familljen sollte vum 1. Oktober u kënnen an d’Wunnengen eran. Dat ass elo net méi méiglech.

Op wéi vill de Schued sech chiffréiert wier nach net gewosst an och net, wéi laang et dauere wäert en ze behiewen. Ënnert anerem muss neie Parquet geluecht an et musse nei Dieren agesat ginn.

Net den éischte Fall vu Vandalismus an de leschte Méint an der Gemeng. De Buergermeeschter schwätzt vun engem roude Fuedem, deen een erkenne géif. Et wéist een awer net wien derhannert stécht, ma et wier an all de Fäll Plainte gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO