De CGDIS deelt matEng Rëtsch Incidenten um Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Uechter d'Land ass et um Donneschdeg zu véier Accidenter, engem Brand an enger Dampentwécklung kommen.
© CGDIS

D’Rettungsdéngschter haten um Donneschdeg genuch ze doen. Wéi de CGDIS mellt, ass zu Déifferdeng um Boulevard Emile Krieps kuerz virun 11 Auer ee Gefier accidentéiert. Eng Persoun gouf blesséiert.

Um 12.57 Auer hat an der rue d’Athus eng Poubelle gebrannt, et ass awer keen zu Schued komm. E bëssi méi spéit, nämlech um 13.45 Auer, war et an der rue Edward Steichen um Kierchbierg eng Kontroll wéinst enger Dampentwécklung.

Schonn um 13.26 Auer war op der A6 um Zéissenger Kräiz op der Héicht vun Helfent een Auto accidentéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Um 14.52 Auer war et an der route de Luxembourg zu Léiweng zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Motorrad. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Um 15.43 Auer waren iwwerdeems um Roudenhaff zu Iechternach zwee Gefierer net laanschtenee komm. Hei waren zwee Blesséierter ze notéieren.

Back to Top
CIM LOGO