Buergbrennen um WeekendEng Traditioun zu Ettelbréck zanter 1966

Pierre Weimerskirch
D'Amicale vun de Pompjeeën zu Ettelbréck hält och dëst Joer un hirer laangjäreger Traditioun fest an organiséiert e Samschdegowend e Buergbrennen.

Dëst Fest, dat zanter 1966 vun der Amicale organiséiert gëtt, markéiert symbolesch d’Enn vum Wanter.

Den Iwwerbléck vun alle Buergbrennen zu Lëtzebuerg kann een hei noliesen.

D’Evenement start um 19.30 Auer mat engem Fakelzuch, dee beim CAPE fortgeet. Géint 20.00 Auer gëtt d’Holzkräiz ugestach. D’Kräiz ass aus engem Holzstamm, dee mat Stréi an Holz ëmzunn ass, sou datt en einfach brennt.

Kräiz gëtt bewaacht

30 bis 35 Leit sinn den Dag selwer domat beschäftegt, fir d’Kräiz opzestellen. Fir sécherzestellen, datt keen op domm Iddie kënnt an d’Feier ze fréi umécht, steet permanent eng Persoun an den Däichwise fir opzepassen.

Den Henri Scholtes, President vun der Amicale, erkläert, datt dës al Traditioun net nëmmen e symbolesche Charakter huet, mee och e wichtegt Evenement fir d’Gemeng an d’Leit vun Ettelbréck ass: “D’Leit freeë sech all Joer drop an et ass e schéint gemeinschaftlecht Erliefnis”, sou de President.

D’Wieder ass um Rendez-vous an dierft vill Leit de Weekend bei d’Buergbrennen am ganze Land unzéien.

Weider Fotogalerië fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO