
Ënner anerem fuerdert eng Petitioun, dass de Präisdeckel op Stroum a Gas erhale bleift. An enger anerer gëtt da verlaangt, dass d’Loyerspräisser sollen erofgesat ginn an, dass fir all Mënsch soll Zougang zu abordabelem Wunnraum geschaaft ginn.
E Petitionär fuerdert dann, dass en zousätzleche Congésdag soll agefouert ginn, dat fir déi mental Gesondheet ze stäerken an een anere fuerdert, dass d’Glasfaser-Netzwierk soll am ganze Land ausgebaut ginn.
Den Iwwerbléck vun all de Petitioune fannt Dir op Petitiounen.lu.