
Och dës Kéier ginn d’Fuerderunge vun de Petitionär nees vu bis.
Ënnert anerem gi méi streng a reegelméisseg Kontrolle vun Déierepensioune gefuerdert, souwéi d’Inscriptioun vun dësen an enger Lëscht vum Staat.
Eng aner Petitioun fuerdert dann, datt een eenheetlech just nach 10 % Steieren op der Pai muss bezuelen.
Doriwwer eraus soll d’Streikrecht am Grand-Duché vereinfacht ginn an et solle méi Verkéiersspigelen op geféierleche Plazen opgehaange ginn.
Da gëtt nach gefuerdert, datt d’CNS an Zukunft Akupunktur soll rembourséieren, grad ewéi d’Behandlung vun enger erektiler Dysfunktioun bei Männer.
Iwwerdeem soll de Staat eng allgemeng Impfflicht am Fall vun enger nächster Pandemie aféieren.
All d’Petitioune fannt Dir um Petitiounssite oder dem Site vun der Chamber.