
D’Nouvelle,iwwert déi de Radio 100,7 fir d’éischt bericht hat, confirméiert de Parquet RTL géintiwwer a preziséiert, datt et sech ëm de Reproche vun der “atteinte à l’intégrité sexuelle” handelt. Ewell zanter e puer Woche géif et eng Instruktioun an där Affär.
Beim 100,7 heescht et, datt d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes, d’Verdeedegungsdirektioun an d’Arméi d’Beschëllegunge ganz seriö géingen huelen. Et hätt een d’Ministesch ausserdeem direkt informéiert, wéi de Virfall intern bekannt gi war.
E jonken Zaldot hat Mëtt Mee Plainte géint en Ënneroffizéier gemaach, dee scho méi laang an der Arméi ass. Dëse wier doropshin eng Woch méi spéit vum Déngscht suspendéiert ginn an hätt elo keen Accès méi zu der Kasär um Härebierg. Ausserdeem wier him de Kontakt zum presuméierten Affer verbuede ginn.
En Untersuchungsriichter ermëttelt deemno den Ament wéinst sexueller Belästegung. Falls sech do erausstelle sollt, datt den Ënneroffizéier an enger Muechtpositioun par rapport zum Zaldot war, kéinten d’Strofen dem Code pénal no verduebelt ginn.
Esou laang d’Enquête leeft, gëllt d’Présomption d’innocence.