Neie President vun der Chambre d'AgricultureËnnert de Baueren ass ee sech virun der Wiel net eens

Marc Hoscheid
De 14. Mäerz gouf am Kader vun de Sozialwalen eng nei Chambre d'Agriculture gewielt. Bei de Baueren hate sech dräi Lëschte presentéiert.

Wat d’Zuel vun de Stëmmen ugeet, louchen déi um Enn zimmlech no beieneen. An deen Ëmstand féiert lo nawell zu Diskussiounen.

Chambre Agriculture - E Reportage vum Marc Hoscheid

Sechs Sëtz fir d’Bauerenzentral, fënnef fir den neie Grupp “Aktiv Baueren fir eng staark Landwirtschaft” a véier Sëtz fir déi gemeinsam Lëscht vu Bauerenallianz a Fräie Lëtzebuerger Bauer “Zesumme méi staark”. Ee Resultat, dat vill Spillraum fir Interpretatioune léisst an elo och zu Diskussiounen doriwwer féiert, wien den neie President vun der Landwirtschaftskammer soll ginn.

Wärend d’Bauerenzentral drop verweist, datt een nach ëmmer déi meeschte Sëtz huet an den aktuelle President Guy Feyder mat iwwer 1.800 perséinlech Stëmme kloer am beschten ofgeschnidden huet, gesäit sech déi nei Grupp ronderëm de Christian Hahn als Gewënner, well een am meeschten nei Stëmmen derbäi gewanne konnt.

E Freideg soll d’Plenière vun der Chambre d’Agriculture eng éischte Kéier no de Walen zesummekommen. E Mëttwoch de Moie gesi sech d’Vertrieder vun deenen dräi Lëschten zesumme mat de véier Representante vun de Wënzer an de Gäertner nach eng Kéier, fir lescht Detailer ze klären. Dobäi dierften de Guy Feyder an de Christian Hahn hiren Hutt fir de Poste vum President an de Rank werfen. Eng Situatioun, déi een am Virfeld vun de Walen am Fong evitéiere wollt, wéi de President vun der Bauerenallianz, Marco Koeune erkläert.

“Et muss een och wëssen, datt am Virfeld vun dee Walen, och ee Prozess schonn ugekéiert gouf, wou mer versicht hunn mat alle Baueregewerkschaften an de Jugendorganisatiounen, d’Landwirtschaft e bëssi méi ze eenegen, dat war de But. Et ass awer zu enger Wal mat dräi verschiddene Lëschte komm.”

Ma wie kritt dann e Mëttwoch d’Stëmme vun der Lëscht “Zesumme méi staark”?

“Mir hunn eng Preferenz, déi mer an enger Deklaratioun och muer wäerte virbréngen. Am Interêt vun enger Gesamtlandwirtschaft, wou mer eis als Gewerkschaft net sou wichteg huelen. Eng Preferenz, déi vläicht net vu jidderengem muer wäert gedeelt ginn, mee déi ech Iech haut awer nach net ka verroden.”

Tëscht den Zeile léisst de Marco Koeune awer duerchblécken, datt ee wuel de Christian Hahn ënnerstëtze wäert. Et wier wichteg, och jonk Leit mat an d’Responsabilitéit ze huelen. An de Christian Hahn seet och kloer, datt ee bereet wier, fir Verantwortung ze iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO