Mordprozess um Stater Geriicht"Ënnert den Ae vu Gott hunn ech de Luzifer ëmbruecht"

Claudia Kollwelter
Eng 32 Joer al Fra gouf am Dezember 2022 dout an enger Wunneng zu Bouneweg fonnt. Elo ass de Prozess ugaangen.
Mordprozess um Stater Geriicht
Eng 32 Joer al Fra gouf am Dezember 2022 dout an enger Wunneng zu Bouneweg fonnt. Elo ass de Prozess ugaangen.

“Ënnert den Ae vu Gott hunn ech de Luzifer ëmbruecht“, sot e 47 Joer ale Mann de Freideg de Moie virum Stater Geriicht um éischten Dag vum Prozess wéinst Mord, Doutschlag a versichtem Doutschlag. D’Faiten, déi him virgeworf ginn, ginn op den Dezember 2022 zréck.

Op deem Dag huet d’Police d’Läich vun enger 32 Joer aler Fra an enger Wunneng zu Bouneweg fonnt. D’Detailer, déi d’Geriichtsmedezinnerin e Freideg de Moien um Geriicht genannt huet, hu séier kloergestallt, datt et e makabere Mord war. De Kapp an d’Äerm goufe vum Kierper ofgetrennt, d’Fra war ausgedoen an Deeler vun hirer Haut louchen an enger Tut nieft der Läich.

D’Doudesursaach ware Messerstéch an den Hals, déi aner Blessure wieren nom Doud bäibruecht ginn. Elementer, déi fir d’Medezinnerin Undeitunge sinn, datt den Täter Wanvirstellungen hat an der Iwwerzeegung war, datt d’Fra besiess wier. Och d’Messerstéch, déi ganz konzentréiert op d’Ae waren, géife bei e psychotesche Patient passen. Och de psychiatresche Rapport huet dat confirméiert.

De selwechten Dag huet de Beschëllegten och säi Matbewunner attackéiert, en haut 30 Joer ale Mann, dee viru Geriicht siichtbar mat sengen Emotioune gekämpft huet. Him wier op deem 22. Dezember näischt Spezielles um Ugekloten opgefall. Dee wier op ee Mol a seng Kummer komm, wéi de jonke Mann amgaange war, fir seng Owescoursen ze léieren. En hätt just gefrot “ça va?” an en dann direkt mam Messer attackéiert. De Matbewunner huet an d’Messer gegraff a gouf dobäi ënnert anerem uerg un der Hand blesséiert. E Stach ass an d’Broscht gaangen, och déi Blessur hätt kéinten déidlech sinn.

Den Expert huet vun enger paranoider Schizophrenie geschwat. Den Ugeklote gouf wéinst sengen Deliren och ënnert anerem zu Ettelbréck stationär behandelt. E wier mat senge Medikamenter stabiliséiert gewiescht, hätt uschléissend an engem therapeuteschen Atelier geschafft, an engem therapeuteschen Appartement gewunnt a wier och weider behandelt ginn.

Optakt vum Mordprozess géint e 47 Joer ale Mann
De Resumé vum éischte Verhandlungsdag.

Well seng Krankheet sech awer gutt entwéckelt hätt, huet en aus dem Appartement misse raus an ass dunn an eng Co-Locatioun op Bouneweg wunne gaangen, wou et du puer Méint méi spéit zum Mordfall koum. Wisou et zu enger Rechute vum 47 Joer ale Mann koum, kéint een net kloer soen, sou den Expert.

Wéinst senger paranoider Schizophrenie wier en net méi kapabel gewiescht, dat Gutt vum Schlechten ze trennen, an den Ugeklote wier och iwwerzeegt gewiescht, mat sengen Aktioune “Guddes” ze maachen. D’Fro stellt sech, ob de Mann wéinst senger psychescher Kränkt ka strofrechtlech responsabel gemaach ginn. D’Suite vum Prozess ass nächst Woch.

Presuméierten Täter an Untersuchungshaft: Bouneweg: Kierper vun 32 Joer alem Doudesaffer deels verstümmelt
Detailer zum Mord zu Bouneweg: Affer an Täter hunn zesumme gewunnt

Back to Top
CIM LOGO