D'Kameraiwwerwaachung an der Stad Lëtzebuerg soll weider ausgebaut ginn. De Schäfferot huet schonn eng prinzipiell Decisioun geholl an d'Buergermeeschtesch huet eng offiziell Demande beim Policeminister gemaach, fir datt och an der Uewerstad Kamerae kënnen opgehaange ginn. Wou a wéi vill, bleift nach ze kucken.
Déi Decisioun läit och net beim Schäfferot, mä bei der Police. Si muss decidéieren, wou weider Kameraen aus Sécherheetsgrënn mussen hi kommen. Fir d'alleréischt, präziséiert déi liberal Buergermeeschtesch Lydie Polfer, muss d'Police elo mol eng Analys maachen.
"An dann op ons zréckkommen, fir ze soe Jo oder vläicht Nee, wat ech awer net hoffen. An da muss gekuckt ginn, op wéi eng technesch Manéier een déi Kamerae wou a wéi soll installéieren. Wann een do méi en einfache Wee sicht, da kann et méi schnell goen. Wann ee méi e komplizéierte Wee freet, da kann et méi laang daueren."
D'Buergermeeschtesch seet, si wier sech bewosst, datt Kamerae keen "Allheelmëttel" sinn, mä et wier awer e Moyen, fir datt d'Police no enger Dot kéint erausfannen, wat geschitt ass a wien et war. Den éischte Schäffen, de Maurice Bauer vun der CSV, huet keen Zweiwel drun, datt méi Iwwerwaachung néideg ass.
"Op der Gare hu mer schonn eis Videoiwwerwaachung ausgeweit, mir hunn zu Bouneweg d'Videoiwwerwaachung ausgeweit, mir mierke jo och, dass einfach méi Besoin do ass, och vun den Aktivitéite vun der Police. Ech mengen, et si méi Infraktiounen, déi festzestelle sinn a mir wollten dorobber och reagéieren, andeems mir dann och deen Deel, dee mir als Stad Lëtzebuerg kënne bäidroen, nämlech dann d'Ufro stellen un d'Police, fir déi Kameraiwwerwaachung an der Uewerstad auszeweiden, eeben ze maachen. Et geet drëms, einfach der Police déi Moyenen ze ginn, déi si brauch, fir kënne beschtméiglech hir Aarbecht ze maachen."
D'Buergermeeschtesch huet de Bréif un den Inneminister Léon Gloden den 1. Oktober ënnerschriwwen. Kameraen an der Uewerstad - dat ass och eng Fuerderung aus enger Whatsapp-Grupp, déi de Geschäftsmann Alexandre de Toffol virun annerhallwem Joer gegrënnt huet a wou sech fir méi Sécherheet an der Stad agesat gëtt.
"Ech hunn déi eigentlech gegrënnt, fir d'Police ze warnen, also fir ons Geschäftsleit ze warnen, d'Leit, déi hei an der Stad wunnen, an do poste mer dann heiansdo Fotoen dran, vu Leit, déi Problemer an der Stad maachen, déi klauen, vu Pickpockets zemools, an da kënnen déi aner Leit gesinn, wien déi Leit sinn a vläicht ertappe mer se dann in flagranti."
Och den Alexandre de Toffol seet, hie wéisst net, ob d'Kameraen d'Léisung wieren, mä op alle Fall géife se der Police hëllefen. Si géif op déi Manéier Biller vun deene Leit kréien, déi klauen oder soss Problemer maachen an d'Apparater géifen och ofschrecken.