
Dobäi gëtt de sozio-ekonomeschen Impakt vun der Covid-19-Kris op d'Mënschen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ënnersicht. De Projet, dee vum Fonds National de la Recherche (FNR) ënnerstëtzt gëtt, konzentréiert sech op d'Liewen zanter dem Ufank vun der Pandemie. An der Enquête ginn iwwerdeems Froen iwwer d'Erwaardunge vun de Leit gestallt, wéi och iwwer hir Onsécherheeten, wat déi nächst Méint ubelaangt.
De Coronavirus huet den Alldag zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend op d'Kopp gestallt, ob dat am Gesondheetsberäich ass, an der Aarbechtswelt, Mobilitéit oder am Familljeliewen. Wéi sech déi nei Longekrankheet op den Eenzelen ausgewierkt huet, wëll dës Enquête elo genau ënnert d'Lupp huelen.
Riichte mécht sech d'Ëmfro un all Resident iwwer 16 Joer an un d'Frontalieren, déi vun der Kris betraff sinn. D'Participantë kënnen an 2 Phase matmaachen. An der éischter Phas kann ee vun elo un online participéieren. Déi zweet ass virgesinn, wann nees méi Normalitéit an den Alldag gekéiert ass.
De Questionnaire fënnt een op 3 Sproochen (Franséisch, Däitsch an Englesch) an ass a 4 ënnerschiddlech Themeberäicher agedeelt:
Méi Informatioune kann een am offizielle Schreiwes noliesen.
