Situatioun vum HéichwaasserEntwarnung fir Süden an Norden, fir d'Musel gëllt just nach Vigilance jaune

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Waasserwirtschaftsamt e Samschdeg am Nomëtteg matdeelt, géif kee Risk méi fir Héichwaasser am Norden an am Süde bestoen.
© Domingos Oliveira

Bis e Sonndeg 12. Januar 2025 géif fir d’Musel an Ëmgéigend nach eng Vigilance jaune bestoen. Dës gouf am Laf vum Samschdeg vun orange op giel erofgestuuft.

D’Peegelen un der Musel hunn e Freideg den Owend den Héchststand erreecht, dat beim 611cm zu Stadbriedemes a 511cm zu Réimech. Bis e Samschdeg den Owend gëtt dëse Stand gehalen, iert d’Peegelen dann däitlech dierften erofgoen, sou d’Previsiounen. E Sonndeg de Moien soll d’Vigilance jaune dann opgehuewe kënne ginn, dat well d’Peegelen ënnert 530cm zu Stadbriedemes a 452cm zu Réimech falen, sou déi momentan Aschätzungen. Et ass och an den nächsten Deeg net domadder ze rechnen, dass d’Waasserniveauen nees klammen.

D’Entwécklunge vun der Héichwaasser-Situatioun kënnt Dir op inondations.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO