KrautmaartEntwécklung vum ländleche Raum Sujet an der Froestonn um Dënschdeg

Claudia Kollwelter
"Zil vum Programm vun der Entwécklung vum ländleche Raum ass et, d’Gemenge bei hire Projeten ze ënnerstëtzen, fir se méi dynamesch ze maachen."

Dat sot d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen en Dënschdeg am Nomëtteg an der Chamber am Kader vun enger erweiderter Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.

Déi aktuell Regierung huet sech am Koalitiounsaccord dofir engagéiert, d’Entwécklung am ländleche Raum ze ënnerstëtzen. Well den Aktiounsplang 2023-2027 elo genee an der Hallschent ass, wollt den André Bauler wëssen, wéi eng Projeten nach an der Maach sinn, wéi een d’Bedeelegung vun de Bierger nach verstäerke kann a wat fir d’Zukunft geplangt ass.

D’Ministesch Hansen huet erkläert, datt d’Duerfentwécklung zanter 1989 Deel vun der gemeinsamer europäescher Agrarpolitik ass. Bis haut goufen zu Lëtzebuerg 610 Projeten an deem Kader realiséiert. Wat sech iwwert d’Jore geännert huet, ass dat d’Projeten antëscht iwwert de Bottom-up-Prinzip proposéiert ginn:

“Dat heescht, d’Biergerbedeelegung ass u sech ee Must. A fir dee Prozess vun der Biergerbedeelegung ze ënnerstëtzen, hu mer och do elo finanziell Moyenen, fir och u sech dat direkt matzebezuelen.”

23 Projete goufe fir den aktuellen Aktiounsplang schonn accordéiert, dat an 20 verschidde Gemengen. 5 Milliounen Euro Aide goufe vum Landwirtschaftsministère accordéiert an dat fir ganz divers Projeten.

D’Martine Hansen:

“Dat ass zum Beispill Versammlungsraum, zum Beispill zu Duecht, déi al Schoul. D’Duerfkärgestaltung zu Peppeng gëtt beim Klouschtergaart u sech dee ganzen Duerfkär frësch gemaach. D’Spillplazen do zum Beispill zu Haassel. Dann d’Verkéiersberouegung, d’Epicerie hu mer eng zu Hiefenech, wat fir eis wichteg ass, well mer hätte jo erëm gären, datt am Duerf, och wou d’Leit kënnen an d’Duerf akafe goen, d’Fotosausstellung zu Klierf, d’Cité de l’image, d’Beienhaus zu Mondorf.”

De Programm vun der Duerfentwécklung géif d’Zesummeliewen am ländleche Raum stäerken an och dozou bäidroen, d’Liewensqualitéit ze erhalen oder ze erhéijen, huet d’CSV-Ministesch nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO