War d'Urteel géint d'Mamm ze streng?"Eran eraus an Elo?" beschäftegt sech mam Fall vum Bëbee Bianka

Fanny Kinsch
Am Fall vum Bëbee Bianka gouf d'Mamm vum Kand zu enger Prisongsstrof vun 30 Joer verurteelt. Elo beschäftegt sech "Eran eraus an Elo?" mam Urteel.
"Eran eraus an Elo?" beschäftegt sech mam Fall vum Bëbee Bianka
Am Fall vum Bëbee Bianka gouf d’Mamm vum Kand zu enger Prisongsstrof vun 30 Joer verurteelt. War dat Urteel ze streng?

D’Associatioun Eran, eraus an Elo?, déi sech fir d’Rechter vun de Leit am Prisong asetzt, huet sech dem Fall vun der Mamm vum Bëbee Bianka ugeholl. D’Fra, där hiert Kand 2015 verschwonne war, kuerz iert si et sollt ofgeholl kréien, sëtzt aktuell eng Prisongsstrof vun 30 Joer ouni Sursis of. En Urteel, dat fir d’Associatioun Froen opwërft.

Am Juli 2015 ass de Puppelche Bianka verschwonnen. D’Kand sollt senger Mamm ewechgeholl ginn. Et gouf fir d’lescht am Juni 2015 mat der Mamm bei engem Weier bei Lénger gesinn. Bis haut feelt all Spuer vum Kand. Seng Mamm gouf zejoert wéinst Vernoléissegung zu 30 Joer festem Prisong verurteelt, duebel sou laang wéi de Parquet gefrot hat. D’Fra war net an Appell gaangen. D’Associatioun Eran, Eraus an Elo stellt d’Urteel elo awer a Fro.

“Mir kritiséieren d’Urteel nëmme bedéngt. Mir fannen et eeben, den Haaptpunkt ass eeben, dass de Parquet 15 Joer fuerdert an d’Madamm kritt der duerno 30. Dat ass awer, wéi gesot, schonn erstaunlech. Juristesch ass et richteg, mee ass et erstaunlech. A mir froen eis och, wiem ass och domadder gehollef, déi Madamm elo 30 Joer am Prisong ze loossen?”, erkläert de President vun der Associatioun Christian Richartz.

D’Associatioun huet eng Expertise bei engem Affekot an Optrag ginn, dee säin Numm net an der Ëffentlechkeet wéilt gesinn:

“D’Konklusioun ass, dass et juristesch natierlech alles an der Rei ass. Dat hu mer, do hu mer eis och näischt anescht erwaart vun der Lëtzebuerger Justiz. Mä et ass am Fong, d’Justiz ass op déi äusserst Limitte gaangen, wat d’Severitéit betrëfft, wou se hätt kënnen. A quasi alle Punkten. An dat ass dann awer, wéi gesot, do si bestëmmt Leit, déi dat ganz gutt fannen. A mir fannen dat eeben net ganz gutt.”

Et hätt ee sech gefrot, ob d’Fra informéiert gouf, dass hir Dot requalifizéiert gouf, well si beim Prozess net dobäi war. Vue dass d’Fra deemools keen Appell gemaach hat, kéint awer haut näischt méi fir si gemaach ginn. “On pourrait retenir qu’il semble y avoir eu une violation de son droit à un procès équitable, or les voies de recours ont expiré.”, heescht et am Avis vum Affekot.

Nieft deem juristesche Volet, geet et der Associatioun awer och ëm de mënschlechen. Si gouf vun der Koppel Lucien a Colette Schumacher kontaktéiert, där de Fall vun der verurteelter Mamm ganz no gaangen ass:

“Meng Fra, d’Colette an ech, hu fonnt, dass dat eng ongerecht Saach ass, eng Fra do, déi do einfach Saache gemaach huet, déi vläicht net richteg sinn, awer 30 Joer Prisong, dat ass trotzdeem, do muss e scho kriminell kriminell sinn, an dat hu mir net verdroen.”

Fir Eran, Eraus an Elo stelle sech och méi allgemeng Froe wat d’Situatioun vun de Fraen am Prisong ugeet. De Block fir Frae wier ze kleng an och bei laange Prisongsstrofe kéinte si keng Eenzelzell kréien.

Back to Top
CIM LOGO