
De Kollektivvertrag gouf fir déi nächst 3 Joer ausgehandelt, also vum 1. Januar 2025 bis den 31. Dezember 2027. Zënter 2011 gouf dës Konventioun elo eng éischte Kéier nees erneiert, dat, wéi et heescht, op eng ganz “konstruktiv” Manéier.
Zu den Avantagen aus der Konventioun gehéiert ënnert anerem eng “Prime de présence”, déi op 2.210 Euro brutto maximal klamme kann.