
Esou och am Lycée Guillaume Kroll zu Esch, wou de Milos Todorovic vun der Jeunesse Esch e ganz spezielle Futtballmatch organiséiert huet. E Samschden trieden do déi grouss Nimm vun der Jeunesse an der Fola géinteneen un. Um Terrain sti fréier Profie wéi Manuel Cardoni, Dan Colette, Marc Oberweis an och de Julien Klein.
De fréiere Kapitän vun der Fola hat d’lescht Joer jo seng Kriibserkrankung public gemaach. No sengem Traitement geet et dem emblematesche Spiller nees gutt, hien dierf och zanter zwee Méint nees mat trainéieren.
De Julien Klein hofft, geschwënn och gréng Luucht vu sengen Dokteren ze kréien, fir nees Matcher dierfen ze spillen. Ëmsou méi ass et him wichteg, beim Relais pour la vie matzemaachen an esou ze sensibiliséieren an och aner Betraffener z’encouragéieren, net de Mutt ze verléieren.
De Match Jeunesse Esch Allstars - Fola Esch Allstars gëtt um 17.30 Auer ugepaff, donieft ginn am Lycée Guillaume Kroll vu Lacrosse bis MTB, Parcous oder en Danzmarathon nach ganz vill weider Aktivitéiten ugebueden, fir de Relais pour la Vie z’ënnerstëtzen, dat och um Sonndeg. D’Aschreiwunge sinn op der Plaz.
De ganze Portrait vum Julien Klein gëtt op der Tëlee am Kader vum Televie den 20. Abrëll gewisen.