4,5 Milliounen Euro u SubsidenEscher Oppositioun: Et muss ee kucken, wat frEsch mat de Sue gemaach huet

Claudia Kollwelter
Nodeems d'Escher Oppositioun en Abléck an d'Finanze vu frEsch krut, wëll si sech genee ukucken, firwat d'Subventioune vun der Gemeng genotzt goufen.

“Transparenz ass net just noutwenneg, fir d’Leit an der Gouvernance schäissen ze doen, mee fir iwwerhaapt kënnen ze kontrolléieren an nozevollzéien, wéi ëffentlech Suen gebraucht ginn.” Dat seet de Marc Baum vun déi Lénk iwwert den Dossier frEsch. Zanter Januar hat d’Escher Oppositioun net nëmmen Abléck an d’Finanze vun der ASBL gefuerdert, mee och an déi vun der Escher Kulturnuecht a vun de Francofolies. E Mëttwoch kruten d’Gemengeconseilleren dës Dokumenter. Dem Marc Baum no wier dat e wichtege Schratt a Richtung Transparenz.

Trotzdeem géif sech d’Fro stellen, ob et derwäert wier, d’ASBL mat esou vill Suen z’ënnerstëtzen, ewéi dat aktuell de Fall ass. “frEsch gëtt mat 4,5 Milliounen Euro vun der Escher Gemeng subventionéiert, dat ass enorm vill a vill méi wéi aner kulturell Institutiounen zu Esch kréien. Elo kënne mer kucken, ob dat wierklech derwäert ass, fir eng Struktur, déi just Eventer mécht, esou vill z’investéieren am Géigesaz zu kulturellen Institutiounen zu Esch, déi mat wesentlech manner Suen hir Programmatioun iwwert e ganzt Joer maachen.”

De Marc Baum no géifen enorm vill Sue vun der Gemeng u frEsch fléissen

Datt een elo schlussendlech Abléck an d’Ausgabe krut, wier dem Steve Faltz vun der Escher LSAP no nëmmen duerch den Drock z’erklären, dee gemaach gi wier: “Eis geet et net drëm, alles ze zerschloen, mee et geet eis drëm, ze wëssen, wat mat 4,5 Millioune gemaach gëtt. Dat ass, wat mer froen. Wa mer dat als Oppositioun net méi dierfe maachen, hu mer eisen Job verfeelt. Et ass eis Aufgab ze wëssen, ob de Leit hir Steiersuen uerdentlech ausgi ginn.”

Steve Faltz: “Geet eis drëm, ze wëssen, wat mat 4,5 Millioune gemaach gëtt”

Déi bal 150 Säiten Dokumenter misst een elo am Detail analyséieren. De Marc Baum huet iwwerdeems nach ënnerstrach, datt och gekuckt misst ginn a wéi wäit de Gemengerot vill méi an d’Gouvernance vun der ASBL misst implizéiert sinn.

ASBL FrEsch: Virwërf vun Transparenzmanktem a bürokrateschem Flou wieren net fondéiert

Back to Top
CIM LOGO