Nodeems den Escher Buergermeeschter Christian Weis op d’Kriticke ronderëm d’Gouvernance vum Kulturveräin FrEsch reagéiert huet, mellt sech d'ASBL selwer.

Vill vun de Behaaptungen am Reporter-Artikel wieren net am Detail recherchéiert. Sou wier d'Rechnung an Héicht vun iwwer 1.400 Euro fir Pizzaen duerch e Foodtruck op zwee Vernissagen am Juli zejoert z'erklären. An de Chiffer vu 5,7 Milliounen Euro Revenu wier komplett falsch a stéing a kengem offiziellen Dokument, sou frEsch.

Den CSV-Buergermeeschter Christian Weis sengersäits ass um Radio 100,7 zeréckgeruddert an sot, hien hätt falsch Informatioune gehat, wéi e bei eis um Radio erkläert hat, datt d'Gemengeconseillere d'Dokumenter scho kritt hätten.

D'LSAP hat sech doropshin zu Wuert gemellt.

FrEsch betount am Communiqué,  et géif näischt ouni den Accord mam Escher Gemengerot decidéiert. Notamment géif de järleche Subside fir d'Kultur-ASBL all Joer am Kader vum Vott iwwert de Budget duerch de Conseil goen. D'Konte wieren och, wéi virgeschriwwen, approuvéiert a publizéiert ginn.

Als Rappel: President vu frEsch ass den DP-Schäffen Pim Knaff, dee wéinst aggravéierter Steierhannerzéiung verurteelt gouf. D'Oppositioun huet seng Demissioun gefuerdert a kritiséiert och scho méi laang d'Finanzen vu frEsch.

D'ASBL organiséiert Evenementer wéi d'Francofolies an d'Nuit de la culture zu Esch a geréiert och e puer Gebailechkeete wéi de sougenannte Batiment 4. Hei war et jo zu Streidereien mat Richtung22 komm, well de Kënschtlerkollektiv de Bail net verlängert kritt hat.