
Wéi Reporter.lu mellt, hätt den DP-Politiker zouginn, e Feeler gemaach ze hunn. Hien huet en Accord mam Parquet fonnt, fir eng ëffentlech Sitzung ze vermeiden.
D’Steierverwaltung hat festgestallt, dass de Pim Knaff Honorairen – also Revenuen – fir d’Ofwéckele vun enger Faillite net deklaréiert hat. Hie muss eng Amende vun 9.500 Euro bezuelen.
Den Escher Buergermeeschter Christian Weis wollt nach keng Stellung zu der Verurteelung vum éischte Schäffe Pim Knaff huelen. Hien huet wësse gedoen, dass hien an déi Schäffe sech géingen e Freideg de Moie mam Pim Knaff treffen, fir weider Detailer ze kréien. Hie wéilt elo net op der Basis vun engem juristeschen Urteel, wat hien net kënnt, jugéieren.
Op d’Virbildfunktioun vun engem Politiker ugeschwat, sot hien, hie wéilt dat, wat geschitt ass, net guttheeschen, ma et wier eng Saach déi, onofhängeg vum Pim Knaff sengem politeschen Engagement, am Beruffsalldag passéiert wier. Dat Wichtegst wier, fir seng Feeler riicht ze stoen.
E Freideg wëllt de Buergermeeschter Christian Weis da weider Informatioune ginn. Dem Pim Knaff seng perséinlech Positioun wier wuel ausschlaggebend, wéi et am Escher Schäfferot weider geet.
De Concernéierte selwer huet bis elo op RTL-Nofroe weder schrëftlech nach mëndlech geäntwert. Dem Lëtzebuerger Wort sot den éischte Schäffen an Affekot Pim Knaff just, hie géif fir dee Feeler riicht stoen an duerfir bezuelen.
Déi Lénk Oppositiounspartei vun Esch fuerdere per Communiqué, de Pim Knaff misst vun all sengen exekutiven Ämter zrécktrieden. Déi aggravéiert Steierhannerzéiung wier kee Kavaléiersdelikt. Sou eng Verurteelung géif der Stad Esch an dem Schäfferot vun der Gemeng schueden. D’adr hirersäits hätt gär, datt de Pim Knaff de Jugement verëffentlecht. Fir op mannst nodréiglech fir Transparenz ze suergen, heescht et an engem Schreiwes.