LSAP iwwer Caritas"Et ass eng absurd Situatioun"

RTL Lëtzebuerg
Dat soe se bei der LSAP iwwert d'Manéier, wéi d'Regierung an d'Kierch den Dossier Caritas upaken.

CSV an d’Kierch wéckelen eng vun de leschte chrëschtleche Strukturen of an d’Sozialiste stinn als lescht Bastioun fir d’Caritas an hir Leit do.

Et wieren zwar Aarbechtsplaze gerett ginn, mä och vill Porzeläin zerbrach ginn, esou d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. De Premier hätt als Comptabel an net als Premier a Krisemanager agéiert.

Och de Bistum hätt sech net adequat beholl a géif elo d’Hänn an Onschold wäschen.

Aner Kriticken hu sech un een inaktiven Aarbechtsminister geriicht an un d’Roll, déi d’Banken an deem Ganze gespillt hunn.

D’LSAP wëll d’nächst Woch an der Chamber iwwer eng Resolutioun eng parlamentaresch Spezialkommissioun bewierken an hofft op d’Ënnerstëtzung vun CSV, DP an ADR

Back to Top
CIM LOGO