CGDIS iwwer Feeler beim Asaz zu HuldangEt ass "keng Geolokaliséierung vum Handy um 112 ukomm"

Pierre Weimerskirch
David Winter
Mir hu mam Paul Schroeder, dem Generaldirekter vum CGDIS, iwwer den Asaz vum 112 am Kader vum Accident zu Huldang geschwat.
CGDIS-Ekipp war wéinst mënschlechem Feeler op déi falsch Plaz gefuer
Wéi een Impakt hat de Feeler op den Asaz a wéi eng Konsequenze goufe gezunn? De Generaldirekter Paul Schroeder gëtt Erklärungen zu der interner Enquête.

“D’Enquête huet erginn, dass den Appell um 112 ukomm ass an dass den Operateur, deen den Appell entgéint geholl huet, dovunner ausgaangen ass, dass et de Shopping Center am Pommerlach wier, wou d’Accident geschitt ass, well dat de Shopping Center ass, deen hie kannt huet. An doropshin huet hien d’Ekippen dohinner geschéckt, obwuel et zu Huldang geschitt ass an och um Telefon gesot gi war, dass et zu Huldang wier”, sou d’Erklärunge vum CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder am RTL-Interview e Freideg bal zou Wochen no engem Accident zu Huldang, bei deem eng Fra vun engem Auto ugestouss gouf a spéider am Spidol gestuerwen ass.

Den Impakt op den Asaz hätt een, sou de Paul Schroeder, duerch de Retracement vun den Asazzäite kéinte moossen. Et war ee schlussendlech a 26 Minutten nom éischten Appell op der richteger Plaz vum Accident, dat nodeems eng éischt Ambulanz op déi falsch Plaz an d’Pommerlach geschéckt gouf an doropshin eng zweet Ambulanz op déi richteg Plaz huet misse geschéckt ginn. Dobäi si schlussendlech 16 Minutte verluer gaangen.

Hei stellt sech natierlech d’Fro no interne Konsequenzen. De Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS, betount, dass elo d’Situatioun an enger éischter Phas mol analyséiert gouf: “Wat mir elo üblecherweis an esou Fäll maachen, dat ass, dass mer op Grond vun deene Fakten, déi mer elo festgestallt hunn, intern eis Prozedure sécherlech nach eng Kéier nokucken, fir dass an Zukunft esou e Feeler net méi kënne geschéien. An deem heite Fall, wéi gesot, hate mer dee “Fixéierungsfeeler”, wéi een dat nennt, well den Operateur einfach am Kapp gemengt hat, et wier op där Plaz...”. Hei wéilt een dann elo mat Hëllef vu Formatioune probéieren, intern nozeschoulen, dat geziilt am Beräich vun de “Biais cognitif”, esou eng méiglech Pist vum Paul Schroeder, fir dass eben esou Feeler an Zukunft evitéiert kënne ginn.

Technesch gesinn huet den Operateur jo och nach aner Moyenen, wéi sech just op dat ze verloossen, wat op der anerer Säit vun der Leitung gesot gëtt. Ënnert anerem schécke modern Smartphonen an der Reegel e Lokalisatiounssignal bei engem Appell eraus, mat Hëllef vun deem den Operateur séier erkennt, vu wou ugeruff gëtt. An der Theorie géif dat och sou stëmmen, sou de Paul Schroeder, ma an der Praxis géif dat awer längst net ëmmer sou klappen. Beim Virfall vum 25. Januar war beispillsweis keng Geolokalisatioun vum Handy beim 112 ukomm: “Säit enger Rei vu Méint hu mer jo d’Méiglechkeet, vun deem “Advanced Mobile Location” och d’GPS-Positioun vun engem Handy ugewisen ze kréien. Dat fonctionéiert awer net ëmmer, hänkt vum Handy of, hänkt vun anere Begeebenheeten of. An dësem Fall sinn eeben déi Koordinaten net matgeschéckt ginn, soss hätte mer sécherlech éischter festgestallt oder iwwerhaapt festgestallt, datt eeben dat, wat den Operateur gemengt huet, an dat, wat geschitt ass, net openee gepasst huet.”

De Wonsch, fir mat der Famill a Kontakt ze trieden, wier dem CGDIS besonnesch wichteg a gouf och am Communiqué betount. Et wéilt een an enger éischter Linn d’Matleed an d’Bedaueren de Familljemembere géigeniwwer zum Ausdrock bréngen: “Ech mengen d’Aufgab vun de Rettungsdéngschter ass et, fir sou schnell a sou gutt wéi méiglech de Leit, déi an engem Noutfall sinn, ze hëllefen. An natierlech sou e Feeler, deen touchéiert eis natierlech alleguerten, och den Operateur, deen dat hei am Fall elo war, wou et geschitt ass. An ech mengen, fir eis ass et eebe wichteg, do och oppen an Transparenz vis-à-vis vun der Famill dat och ze kommunizéieren a mat hinnen dat och opzeschaffen, wann dat vun hinne gewënscht ass.”

Fir de jonken Operateur, deem de Feeler ënnerlaf ass, sollen et dann och keng disziplinaresch Konsequenze ginn, dës wieren dem Paul Schroeder no och kontraproduktiv. Intern Schoulunge géifen an dësem Fall besser gräifen.

A wéi wäit d’Verspéidung, wéi gesot 16 Minutten, dozou gefouert huet, dass d’Fra gestuerwen ass, an ob d’Fra iwwerlieft hätt, wann de Feeler net beim 112 geschitt wier, wieren alles Froen, déi weider Enquêten elo géifen opwerfen. Hei géif een dann zu engem spéidere Moment dozou Stellung huelen, wa méi gewosst ass. Elo wier et ze fréi, heizou schonn eppes kënnen ze soen.

Op falsch Plaz gefuer - De CGDIS confirméiert e mënschleche Feeler bei Asaz zu Huldang

Back to Top
CIM LOGO