Um drëtte Sëtzungsdag, an deem den Architektebüro Valentiny hvp Architects de Schengener Gemengerot wéinst Diffamatioun a Calomnie an ee Beamte vum technesche Service wéinst illegaler Interessevertriedung ugesicht huet, gouf et en Abléck, wéi d’Zesummenaarbecht tëscht Büro a Gemeng soll gelaf sinn.
Et geet ëm e Projet ronderëm eng Zentralschoul zu Schengen. Valentiny hvp sollt de PAP ausschaffen an eng Sportshal bauen. Déi zwee Kontrakter waren an enger Gemengerotssëtzung ugangs Mee zejoert gekënnegt ginn. D’Berichterstattung an der Press iwwert de Fall war grouss.
Den Architektebüro Valentiny hvp, deen aus 5 Partner besteet, hätt e grousse Schued duerch déi ganz Affär erlidden, seet d’Anna Valentiny, déi um Projet vum Schoulcampus geschafft huet. Elo géing een an der Ëffentlechkeet mengen, dass de Büro net géing op d’Wënsch vun de Clienten agoen. “Dat ass en Doudesurteel fir en Architekt”, huet d’Anna Valentiny virun de Riichter ënnerstrach. Esouguer am Ausland géing een op d’Affär ugeschwat ginn. Ma et géing hei net, wéi verschidde Leit géingen denken, ëm den Ego vum Architekt François Valentiny goen. Dësen hätt just um Bord vum Projet matgewierkt. Duerch déi ganz Press wier de ganze Büro diffaméiert ginn. “Et ass net de Valentiny, deen hei klot. Mir kloe géint de Verloscht vun eisem Image”, sou déi 32 Joer al Architektin.
An der Vergaangenheet wier den Dialog mat der Gemeng ëmmer gutt gewiescht. Et hätt ee vill un dësem Projet geschafft, well e fir de Büro immens wichteg war. Reegelméisseg hätt et Reunioune ginn. Wéi bei all Planung hätten et Amenter ginn, wou ee sech hätt missen zesummen un en Dësch sëtzen, mee näischt wat d’Vertrauensbasis a Fro gestallt hätt. De Schäfferot wier bei de Reuniounen net dobäi gewiescht. Wuel awer den technesche Beamten, vun deem si sech vun uewen erof behandelt gefillt huet. Alles, wat de Büro proposéiert hätt, wier a Fro gestallt ginn.
Hire Papp, de François Valentiny, huet et esou beschriwwen, dass dës Persoun wuel wéi e Sift funktionéiert hätt. Dass dat, wat an de Reunioune beschwat gi wier, eppes anescht gewiescht wier, wéi dat, wat beim Schäfferot ukomm wier. Iwwer 40 Joer hätt de Büro Valentiny eng gutt Kollaboratioun mat der Gemeng gehat. Bis zu dësem Ament. “Mir hunn en zimmlech grousse Schued. Och e mënschleche Schued”, faasst den Architekt seng Enttäuschung zesummen.
An de Projet vum Campus wier hie just indirekt involvéiert gewiescht. Hätt awer och festgestallt, dass alles, wat hien an deem Kader presentéiert hätt, kategoresch demontéiert gi wier. An dat, zanter dass de Beamten aus dem technesche Service do wier. Saachen ze klären, wier wuel net méiglech gewiescht: “Mir hunn an der Pampa a Brasilien gebaut, ech sinn 3 Mol dohinner geflunn an da gouf dat gekläert”, beschreift den Architekt säi Wëllen, d’Problemer ze léisen.
D’Vertrieder vun der Gemeng wiere sech net der Envergure bewosst, vun deem, wat si mat der Kënnegung vun de Kontrakter am Gemengerot gemaach hätten, mengt de François Valentiny. Jidderee wéisst, wa géing iwwert en Architekt geschwat ginn, wa Projeten am Bau sinn, dat säi Ruin wier.
Aussoe vum Schäfferot an dem Beamten aus dem technesche Service
Den ugeklote Schengener Buergermeeschter Michel Gloden betount am Virfeld vun der Opléisung vun de Kontrakter matkritt ze hunn, dass d’Zesummenaarbecht tëscht dem Büro an der Gemeng net geklappt hätt wéi et soll. Dat Ganzt hätt sech lues a lues héich geschaukelt. Iergendwa wier et immens ustrengend ginn, fir seng Wënsch als Bauhär am Projet erëmzefannen. Villes wier “mühseeleg” gewiescht an a Fro gestallt ginn. Et géing een iergendwann einfach spieren, dass et net méi géing virugoen.
Hie bleift awer iwwerzeegt, dass déi ganz Saach net géing op d’Place public gehéieren. “Et geet net dorëms, deen aneren an d’Pan ze klaken”, sou de Buergermeeschter. Dofir wier ee sech och am Schäfferot eens gewiescht, de Büro net um Ordre du jour vun der Gemengerotssëtzung ze ernimmen. An dofir wier een och net op konkret Froe vun de Gemengerotsmember an der Sëtzung agaangen. Dass esou vill Press do war deen Dag, huet hien och gewonnert. Wien d’Press deen Dag geruff huet, ass awer eng Fro, op déi ee wuel an dësem Prozess keng Äntwert méi kann erwaarden.
“Et ass eppes, wat u meng Éier geet. Mir hunn d’Decisioun am Interêt vun der Saach gemaach an et ass zu kengem Moment dorëm gaangen, ee schlecht ze maachen”, sou de Buergermeeschter. Seng zwee Schäffen, den Tom Weber an de Jean-Paul Muller, stounge mat him virun de Riichter, hunn awer just kleng Saache bäigefüügt. Besonnesch och well de Jean-Paul Muller den Dag vun der Gemengerotssëtzung am Mee, wou d’Verträg mam Architektebüro gekënnegt goufen, am Ausland war.
De Gemengebeamten aus dem technesche Service, deem illegal Interessevertriedung reprochéiert gëtt, huet dann all Virwërf vu sech gewisen. “Dee Prozess hei muss dozou féieren, dass d’Grënn genannt ginn, wisou ech soll illegal Interessevertriedung gemaach hunn”, sou de Beamten. Hien hätt just seng Tâche erfëllt, déi hien als Gemengeresponsabele vum Projet hätt. An zwar wier dat gewiescht, nozefroen. Dass en aneren Architektebüro sech ëm de Bau vun der Schoul sollt këmmeren, wier eleng dowéinst gewiescht, well dësen Experienz am Bau vu Schoule gehat hätt.