Budgetskommissioun huet ONA gehéiertEt bleiwe vill Froen am Dossier MALT vun de Piraten

Jean-Marc Sturm
Den Dossier MALT, d'Sproochen-App, déi d'Pirate-Partei fir den ONA sollt entwéckelen, schléit weider Wellen um Krautmaart an ass och beim Parquet gelant.

D’Piècen, déi beim ONA net do waren, Timesheets, déi net konform waren, Kontrakter, déi eréischt “après coup” gemaach goufen. Wéinst deene Reprochen huet d’parlamentaresch Budgetskontrollkommissioun och d’Cour des Comptes ageschalt.

E Méindeg huet d’Kommissioun déi Responsabel vum ONA gehéiert. Et bloufen awer vill Froen ouni Äntwert. Deels well d’Kompetenze beim Volet Integratioun an Accueil beim Switch tëscht dem ONA a senger Virgänger-Organisatioun OLAI geännert hunn. Dat geet als Excuse awer net duer, seet d’Stéphanie Weydert vun der CSV.

“Well och wann een Dossier vu engem op deen aneren iwwergeet, muss de Suivi assuréiert sinn, an dat war hei net de Fall. Dowéinst sinn hei och net déi Kontrolle gemaach ginn, déi eigentlech missten ‘en place’ sinn.”

D’Diskussioun geet awer och doriwwer eraus, esou d’Sam Tanson vun déi Gréng.

“Mir hu vill Diskussiounen de Moment, wéi ee kann eng Kontroll maache vu Subsiden, déi vergi ginn, vu Konventiounen, déi ofgeschloss ginn... An ech mengen, dass et souwisou Sënn mécht, wann nach eng Kéier ee Bléck drop gehäit gëtt vun enger Cour des Comptes, fir ze kucken, wéi kann ee Problematike wéi déi do, mä och anerer, sou gutt wéi méiglech an Zukunft kann evitéieren.”

Parallel zum Aschalte vun der Cour des Comptes huet de Familljeministère een Audit vum ONA decidéiert, esou de Franz Fayot vun der LSAP.

“Fir d’Gouvernance, de Fonctionnement besser a méi stabil ze kréien, fir d’Lektiounen ze zéien aus dësem Dossier, dee ganz spezifesch am Beräich vun der Integratioun vu Refugiéë gemaach ginn ass.”

Déi Responsabel vum ONA wollten näischt soen. Si ënnersträiche just hir Bereetschaft, fir den Dossier MALT an aller Transparenz opzeschaffen.

Back to Top
CIM LOGO