
“Et feelt u Prezisioun, u Beweiser an un Temoignagen”, seet den Affekot vum Ugekloten um zweeten a leschte Prozessdag. Hie reprochéiert der Ex-Fra vum Mann z’iwwerdreiwen. Si wéilt am Mëttelpunkt stoen an d’Accusatioun vun der Vergewaltegung wieren erfonnte Ligen. Dësen Dossier géing d’Strooss net halen.
Bei de Reprochë vun de Menacen, dass säi Mandant d’Fra an hir gemeinsam Duechter wéilt ëmbréngen, géing et Ausso géint Ausso stoen. Och bei der Kierperverletzung géing e Rapport medical, dee vun engem Hematom hannert dem Ouer schwätzt, just eng liicht Verletzung weisen. Wou se hierkéim, wier net kloer. “Eng Reegel am Penalen ass, wann et en Doute gëtt, wann et vill Doutte ginn, da muss dat zu Gonschte vum Ugeklote sinn”, sou den Affekot. Wann eng Strof fir säi Mandant géing festgehale ginn, da kéint dat just en Travail d’intérêt général sinn.
D’Vertriederin vum Parquet huet an hirem Requisitoire d’Geschicht vun der Fra opgegraff. Déi ass 2008 mat hirem Mann aus dem Irak op Lëtzebuerg komm a soll schonn déi Zäit virdru vun dësem geschloen a vergewaltegt gi sinn. Hei am Land wier et da mat der Brutalitéit weidergaangen. Souguer nach wou d’Koppel getrennt war, soll et zu weideren Iwwergrëffer op d’Fra komm sinn. Bei dësen hätt hie si geschloen a gewiergt. Zu den Treffe wier et komm, wann de Mann komm wier, fir d’Kanner ze gesinn. Tëscht 2017 an 2020 hätt hien d’Fra, hir Schwëster an och seng eegen Duechter menacéiert, si ëmzebréngen.
D’Vertriederin vum Parquet huet drop verwisen, dass d’Expert an der Psychologie gesot huet, dass et kee Grond géing ginn, un den Aussoe vun der Ex-Fra ze zweiwelen. An dass och där hir Ausso, dass si virdru keng Hëllef gesicht hätt, wéinst de quasi deegleche Vergewaltegungen, am Kontext ze verstoe wier. Am Irak wier eng aner Kultur an d’Frae wiere sech dacks, wa se am Grand-Duché sinn, hire Rechter net bewosst. Eréischt wa se a Kontakt mat Assistants sociauxen oder Psychologe kéimen, géinge se mierken, dass Geschlechtsverkéier ouni Averständnes eng Infraktioun ass.
“Fir mech gëtt et keen Element am Dossier, dee gleewen deet, dass d’Fra net d’Wourecht seet”, sou d’Procureuren. A weider: “Den Ugeklote litt, wéi et hien arrangéiert an huet absolutt keng Credibilitéit”. De Parquet freet 12 Joer Prisong a stellt sech géint e Sursis, well den Ugeklote schonn zweemol, 2011 an 2013, wéinst Kierperverletzung vis-a-vis vu senger Fra verurteelt ginn ass.
Déi 48 Joer al Fra huet iwwerdeems kee Schuedenersatz vun hirem Ex-Mann gefrot. “Ech wëll just roueg sinn. Ech liewe mat der Angscht virun him. Suen hëllefe mer näischt”, sou d’Fra virun de Riichter. Si wéilt, dass hir zwee Kanner en normaalt Liewen hunn.
Vu sengem leschte Wuert huet den Ugeklote just limitéiert profitéiert. Hien huet Geschichten erzielt, iwwert seng Fra oder wou e mat sengem Meedchen ënnerwee war, wou een awer schwéier den Zesummenhang konnt verstoen. Ma bei allem wat seng Fra erzielt hätt, wier säi Liewe jo just Gewalt a seng Fra schloen, huet den Ugeklote gemengt.
D’Urteel gëtt den 3. Abrëll gesprach.
(05.03.2025) Prozess ëm Vergewaltegung: Fra seet, net gewosst ze hunn, wat normale Sex wier