FGFC"Et feelt u Personal an de Gemengen an dofir brauche mer decisiv Reformen"

RTL Lëtzebuerg
Dat betount d'FGFC a proposéiert e Mesurëpak, fir dem Personalmanktem entgéint ze wierken.
© FGFC

Wéi d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal an engem Schreiwes präziséiert, bräicht een ënnert anerem en eenheetlechen Opnamexamen am ëffentlechen Déngscht, en eenheetleche Punktesystem fir all d’Employeuren a praktesch Formatioune fir d’Gemengepersonal.

D’FGFC fuerdert donieft, datt d’Prouf- an Ausbildungszäit op 2 Joer festgeluecht soll ginn an dat ouni finanziell Aboussen.

Mat deene Mesurë géif een net just eppes géint de Personalmanktem maachen, mee och d’Qualitéit vum kommunalen Déngscht verbesseren an d’Aarbechtsbelaaschtung vun den Employeure reduzéieren, betount d’Gewerkschaft nach.

Back to Top
CIM LOGO