
Rieds geet vum geplangte Bau vun enger Senioreresidenz an der Rue de l’hopital zu Dikrech. Ma um Enn hat d’Verwaltungsgeriicht de Projet gekippt, well en net mat de Krittäre vun enger Zone de bâtiments et équipements publics kompatibel war. Am Mee 2023, also kuerz virun de Gemengewalen, hat déi deemoleg LSAP-Majoritéit den Terrain fir knapp 10 Milliounen Euro kaaft, fir hei een neie Conservatoire ze bauen, d’Pläng fir d’Gebai inclus. Ma mëttlerweil ass och dee Projet vum Dësch. Elo wëllt een den Terrain an der Rue de l’hopital halen, falls d’Primärschoul ausgebaut muss ginn. De Conservatoire soll iwwerdeems vum Schlass Wirtgen an d’Sauerwiss plënneren. Pläng, déi bei der Oppositioun net onbedéngt op Begeeschterung stoussen.
Op alle Fall net bei der LSAP. Wéi si nach eng absolut Majoritéit haten, hunn d’Sozialisten ëmmer nees bezweifelt, datt den Terrain an der Rue de l’hopital grouss genuch fir eng Annexe vun der Primärschoul wier. Déi “nei” CSV-DP-Majoritéit huet mëttlerweil eng Etüd maache gelooss, fir déi Fro ze klären. Dozou de Buergermeeschter Charel Weiler:
“Do ass och dobäi erauskomm, datt dat méiglech ass. Do sinn zwou Varianten erauskomm, eng mat 18 Klassesäll fir 430 Kanner an eng zweet Variant mat 14 Klasse fir insgesamt 336 Kanner.”
Well een d’Kanner net op verschiddene Sitten uechter Dikrech verdeele wëllt, hätt ee sech dofir entscheet, de Site an der Rue de l’hopital fir een Ausbau vun der Primärschoul ze reservéieren. Et géing een elo analyséiere loossen, wéi sech d’Populatioun an deenen nächste Joren entwéckele wäert a wéini een Ausbau deemno néideg gëtt. De Spriecher vun der LSAP-Fraktioun a fréiere Buergermeeschter Claude Thill ass vun deem Plang net iwwerzeegt:
“Also an eisen Aen ass et richteg, fir heihinner de Conservatoire ze setzen. Wéi no wëlle mer eise Kanner d’Kultur an d’Musek da bréngen, mat enger Maison relais niewendrun, et ass dorëms wou et geet. Wéi no wëlle mer dat bréngen? Wëlle mer hei op deem Site mat enger Maison relais, mat der Crèche, mat der École fondamentale, mam Précoce, mat allem, wëlle mer hei ee Site beliewen oder wëlle mer deen exklusiv fir d’Schoul maachen?”
De grénge Conseiller Frank Thillen ass zwar och an der Oppositioun, gesäit d’Optioun, de Conservatoire um Site vun der fréierer Primärschoul an der Sauerwiss ze installéieren, awer éischter positiv.
“Si huet Virdeeler, si läit no beim neie Lycée, bei alle Schüler, déi aus där Géigend kommen. Hei hätt e ganz no geleeë bei der Primärschoul, mee ech mengen awer, an engem Conservatoire si jo net nëmmen déi zwee kleng Joer vun der Museksschoul, mee do si wierklech Schüler vum Lycée, déi do hi ginn. An dann ass d’Lag an der Sauerwiss, op deenen zwou Säite ganz accessibel vum Lycée aus, scho ganz gutt.”
D’Kritik, datt wann de Conservatoire net an der Rue de l’hopital realiséiert gëtt, déi Suen, déi fir d’Pläng vum Gebai bezuelt goufen, duerch d’Päif sinn, léisst de Charel Weiler iwwerdeems net gëllen. Den Terrain an d’Pläng wieren an éischter Linn mol iwwerdeiert kaaft ginn. Hie wier och guer net sécher ob, esou wéi de Claude Thill behaapt, op Basis vun deene Pläng wierklech direkt ee Conservatoire gebaut kéint ginn.
“Dann ass et och nach esou, datt mer lo eng Etüd och do an Optrag ginn, fir déi Pläng eng Kéier ze analyséieren, fir ze kucken, ob déi Pläng och konform sinn zu engem Standard-Conservatoire wéi se haut gebaut ginn, wéi beispillsweis zu Péiteng ass lo rezent ee gebaut ginn. Ob dat iwwerhaapt den Uspréch gerecht gëtt, wat ee Conservatoire iwwerhaapt braucht.”
Wéini d’Aarbechten an der Sauerwiss ufänke wäerten, ass nach net kloer. D’Gebai gëtt awer geschwë fräi, well den Nordstadlycée an nei Raimlechkeeten nieft der Hotelsschoul plënnere wäert.
Zum initiale Projet an der Rue de l’hopital hat nieft der Seniorenresidenz och eng Maison relais gehéiert. Déi ass mëttlerweil a Betrib an d’Gemeng huet decidéiert, dem Promoteur d’Gebai ofzekafen. Dofir gouf ee Prêt an Héicht vu ronn 28 Milliounen Euro opgeholl. Virdrun hat d’Gemeng pro Mount ronn 190.000 Euro Loyer musse bezuelen. Et hätt ee sech dem Buergermeeschter Charel Weiler no dofir decidéiert, d’Suen op ee Coup ze bezuelen, fir deen Dossier endlech ofzeschléissen. Et wier zudeem wuel nach déi bëllegst Léisung gewiescht.