
Den Ausgangspunkt vun där Reunioun war e Retard beim Bezuele vun de Salairen. D’Paie sinn antëscht bezuelt an awer ass duerch dee Problem kloer ginn, datt och soss net alles esou leeft, wéi et soll. Et géife Problemer an der Kommunikatioun an an der Informatioun géintiwwer dem Personal, mee och dem Management Intermediaire ginn.
D’Reunioun, déi zwou Stonne gedauert huet, wier an den Ae vum Céline Conter vum LCGB positiv gewiescht an deem Sënn, datt eng Dialogbereetschaft do wier, och vu Säite vun der Direktioun an e Wëllen do wier, Problemer ze léisen a Klärungsbedarf do wier.
Wat de Problem vun de Paie betrëfft, widderhëlt d’Céline Conter, datt ee mat enger uerdentlecher Kommunikatioun hätt kënnen e klengen Eclat evitéieren. D’Stëmmung tëscht dem Personal wier net ideal, d’Vertraue vun de Leit wier net méi do. D’Céline Conter huet dann och erkläert, datt eng weider Reunioun tëscht LCGB, Delegatioun an Direktioun geplangt wier, mee datt och den Educatiounsministère sech bereet gewisen huet, sech eemol zu dräi Parteien un en Dësch ze setzen.
Iwwerdeems huet d’Djuna Bernard vun déi Gréng eng parlamentaresch Fro un den Educatiounsministère adresséiert, fir d’Detailer ze kréien iwwert de Verlaf vun der Konventioun tëscht dem Ministère an der ASBL “Les internats Jacques Brocquart”, mee och méi allgemeng iwwert d’Konventioune mat anere Beneficiairen.