Police melltEt gouf en Dealer an der Stad festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Persoun gouf géint 18 Auer e Freideg dobäi erwëscht, d'Droge un eng aner Persoun verkaaft ze hunn.

Ofgewéckelt gouf den Deal tëscht der Place de Strasbourg an der Rue de Fort Wedell. Eng kleng Quantitéit un Drogen an eng kleng Zomm Boergeld goufe confisquéiert. De Parquet huet ordonéiert, de Mann festzehuelen. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.

Ëm déi selwecht Zäit e Freideg gouf der Police dann en Auto gemellt, deen op der Streck tëscht Viichten a Groussbus ënnerwee war, ass allerdéngs siichtbar a Schlaangelinne gefuer. De Chauffeur konnt schlussendlech zu Groussbus vu Beamte säitens der Police gestoppt ginn. De Chauffeur war alkoholiséiert, de Permis gouf dohier och agezunn.

Back to Top
CIM LOGO