
Wéi d’Luxair schreift, war en technesche Problem, deen de Confort vun de Passagéier beaflosst hätt, de Grond fir dës Decisioun. D’Maschinn konnt ouni Problemer nees zu Dubai landen.
Déi national Fluchgesellschaft präziséiert dann och, datt d’Passagéier vum Pilot informéiert goufen an datt hir Sécherheet zu kengem Ament a Gefor war. Si wäerte mat engem neie Fluch e Freideg zeréck op Lëtzebuerg kommen.
Op Internetsitten ass ze gesinn, datt d’Boeing 737-8 am persesche Golf op der Héicht vum Katar d’Kéier gemaach huet.