GoodyearEt goufe bei Perquisitioune vill Donnéeë saiséiert, esou de Procureur Manteaux

RTL Lëtzebuerg
No Perquisitiounen zu Colmer-Bierg, an der Belsch an a Frankräich, huet um Donneschdeg de Procureur vu Besançon gesot, et hätt ee vill Donnéeë saiséiert.
Goodyear: Et goufe bei Perquisitioune vill Donnéeë saiséiert, esou de Procureur.
No Perquisitiounen zu Colmer-Bierg, an der Belsch an a Frankräich, huet um Donneschdeg de Procureur vu Besançon gesot, et hätt ee vill Donnéeë saiséiert.

Tëscht 2011 an 2016 hat et eng Serie vun Honnerten Incidenten an Accidenter ginn, well Camionspneuen aus dem Wierk vu Colmer-Bierg e Feeler gehat hätten, an dowéinst geplatzt wieren.

Zu Besançon ass dowéinst eng Information judiciaire op, wéinst dräi Accidenter, bei deene véier Leit gestuerwe sinn. Zu Informatiounszwecker ginn och véier aner Accidenter gekuckt, bei deenen dräi Leit gestuerwen sinn. An dësen Affären ass den Delai de prescription awer ofgelaf. D’Donnéeën aus de Perquisitiounen mussen elo vum Untersuchungsriichter ausgewäert ginn. Dowéinst wollt sech de Procureur Etienne Manteaux net dozou äusseren, ob, wéini a géint wien eng Mise en examen kéint gemaach ginn. Ma theoretesch wier et méiglech, datt esouwuel Goodyear als Entreprise, wéi och eenzel Persoune kéinten ugeklot ginn. Si haten d’Pneue just iwwer e fräiwëllege Programm ausgetosch a kee Sécherheetsrappell gemaach.

Back to Top
CIM LOGO