Ermëttlungen ageleetEt goufen eng Partie Déifställ an Haiser an Autoen

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne goufen der Police eng Partie Déifställ aus Gefierer gemellt.
© RTL Archiv

Dëst zum Beispill e Sonndeg am Nomëtteg an der Route de Thionville um Houwald. Hei hunn Täter sech Zougang an en Auto verschaaft, dësen duerchwullt a Boergeld matgoe gelooss.

E weidere Fall gouf et e Sonndeg den Owend an der Rue des Celtes zu Waasserbëlleg. Och hei hate sech Täter Zougang an en Auto verschaaft. D’Gefier gouf och hei duerchwullt, ma éischten Informatiounen no gouf awer näischt geklaut.

A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet. Wéi ee sech präventiv géint Abréch a den eegnen Auto protegéiere kann, fënnt een hei!

Da goufen et awer och eng Partie Abréch respektiv Versich vun Abréch an Haiser. E Sonndeg de Moie gouf an der Rue du Port zu Mäertert an Abroch an en Haus gemellt, sou wéi 3 Männer, déi kuerz drop u verschiddenen Autoen hantéiert hunn. D’Police konnt déi verdächteg Persoune festhuelen. Net wäit ewech konnten och déi geklaute Saache fonnt ginn. Op Uerder vum Parquet goufen déi 3 Männer protokolléiert.

E weideren Abroch gouf et am spéiden Sonndeg den Owend, dat an e Familljenhaus an der Rue des Champs zu Keespelt. Hei haten d’Täter versicht, an en Haus eranzekommen, wéi se vun engem Awunner entdeckt goufen. Heibäi hu sech déi Onéierlech wuel erféiert a si fortgelaf. Ermëttlunge goufen ageleet. Wéi ee sech präventiv virun Abréch bei sech doheem schützt, kann een hei noliesen!

Back to Top
CIM LOGO