Esou soll hien 2017 an Italien aus engem reliéise Wan eraus Leit mat enger metallener Klaue attackéiert hunn. Ma déi Dot hat keng weider Suitten, de Mann gouf aus Italien ausgewisen an op Lëtzebuerg geschéckt, well déi italieenesch Autoritéite Liene mam Grand-Duché festgestallt haten.
D’SMS-Konversatioune ginn en Abléck an d’Gedankewelt, an där den Ugeklote virun der Dot ënnerwee war. Mat senger Frëndin, enger Fra, déi a Kolumbien wunnt, huet hie sech schonn Ufank Dezember iwwert déi vermeintlech Dämonen ënnerhalen, déi mat him zesummen an der WG wunnen. “Wann ee se alleguer duerchliest, gesäit een, dass de Wan ëmmer méi grouss gëtt”, beschreift de Kommissär déi Konversatioun. Esou hätt de Mann den Dag virdru vun engem Kampf geschwat, op deen e sech preparéiere misst. Dofir hätt hie misste beichten, “hellegt Waasser” a Käerzen organiséieren.
Den Ugekloten huet seng Frëndin och bei der Dot selwer per SMS au courant gehalen. Den 22.12 schreift hien hier: “J’ai tué Lucifer”. Méi spéit: Hien hätt de Lucifer elo gekäppt. D’Roll vun där Frëndin gouf viru Geriicht kritesch gesinn: Si hätt de Beschëllegten éischter encouragéiert.
De Mann hätt da virun der Police erkläert, hien hätt de Kierper missen zerstéieren, fir dass d’Damöne futti ginn. En hätt och gesot, u sech wier de Frënd vun der jonker Fra an ee vu senge Matbewunner den Haaptdämon. Wéi hie moies an deem seng Kummer erakomm wier, hätt e gesinn, dass de Mann scho fort war a just seng Frëndin do war. Dat wier awer egal gewiescht, well et alle béid Dämone wieren.
Donieft huet nach eng Beamtin vun der Spueresécherung ausgesot, grad wéi en Toxikolog. Hei goung et ëm d’Fro, wéi vill Antipsychotika nach am Blutt vum Beschëllegten nozeweise waren. Deen hat bei der Police uginn, seng Pëllen eegestänneg ofgesat ze hunn. Donieft hätt de Mann awer reegelméisseg e weidert Medikament iwwert eng Sprëtz kritt, déi leschte Kéier den 13. Dezember 2022. Déi Rendez-vousen hätt de Mann agehalen. Den Toxikolog huet a sengem Rapport dann och dat Antipsychotikum aus der Sprëtz festgestallt. Grad wéi och ee Medikament, wat en net verschriwwe kritt hat. Fir déi spezifesch Pëllen nozeweisen, hätt ee missen extra Tester ufroen, esou dass sech d’Aussoe vum Ugeklote weder beleeën nach widderleeë loossen.
Fir den Affekot vun den Elteren an der Schwëster vum Affer stellt sech d’Fro, ob den Ugeklote ka penal responsabel gemaach ginn oder net: Zwar wier kloer, dass de Mann krank wier. Ma hien hätt seng Pëllen ofgesat, fir de Frank Rollinger am Wëssen, dass e krank wier. Dofir ass hie skeptesch, ob den Artikel 71 an dësem Fall ka gëllen. Dee géif bedeiten, dass de Mann wéinst senger Krankheet zum Zäitpunkt vun der Dot net strofrechtlech responsabel fir seng Dot ass.
Alles an allem wier et och d’Fro, ob ee psychesch Kranker, déi esou schwéier Symptomer hätten, net besser misst encadréieren, wa se aus der Psychiatrie oder aner Ariichtungen entlooss ginn.
An dësem Fall huet de Mann säi Psychiater all véier Méint gesinn, all zwou Woche krut hien eng Sprëtz. D’Partie civile kritiséiert, dass et keng Kontroll géif, fir z’iwwerpréiwen, ob Patienten an esou Fäll hir Medikamenter dann och doheem huelen. Besonnesch wann et géif zum Krankheetsbild gehéieren, dass Medikamenter eegestänneg ofgesat ginn.