Spendenaktioun fir Portugal"Et huet mer wéigedoen, datt ech net direkt konnt hëllefen"

RTL Lëtzebuerg
De ganze Samschdeg iwwer sammelt de Silva Duarte mat Frënn zu Dikrech, fir den Affer vun de schroe Bëschbränn a senger aler Heemecht ze hëllefen.
Gären am Asaz: De Silva Duarte engagéiert sech fräiwëlleg als Ambulancier a Pompjee zu Clierf.
Gären am Asaz: De Silva Duarte engagéiert sech fräiwëlleg als Ambulancier a Pompjee zu Clierf.

D’Hëllefe läit em am Blutt: “Meng Mamm a mäi Papp ware Pompjee an Ambulancier a Portugal an ech engagéiere mech fräiwëlleg zu Clierf beim CGDIS” – als Ambulancier an als Pompjee, gradesou wéi seng Elteren. Mat deene koum de Silva Duarte virun 10 Joer op Lëtzebuerg, aktuell mécht en hei eng Ausbildung zum Aide-soignant, dono wëll hie fir Infirmier léieren.

“Eng Tréin erofgelaf”

Mat Ausnam vu mengen Elteren ass meng ganz Famill am Portugal”, seet de jonke Mann am Gespréich mat RTL. Kee Wonner also, datt em déi vill uerg Bëschbränn, déi d’Pompjeeën a Portugal zanter Deeg an Otem halen an déi scho fir ganz vill Leed gesuergt hunn, nogaange sinn. “Ech krut Videoe geschéckt mat Leit, déi kräischen, well se alles verluer hunn.” Eenzel Leit hätte souguer Bekannter am Feier verluer, esou de Silva Duarte, deen am léifsten direkt mat ugepaakt hätt: “Et huet mer leedgedoen, datt ech hei souz an dee Moment net konnt hëllefen. Dat huet mer wéigedoen an et ass mer souguer eng Tréin erofgelaf.

Am Asaz: Pompjeeë kämpfe géint d'Flame vun engem vun de sëlleche Feieren, déi et am September a Portugal gouf an zum Deel nach ëmmer gëtt.
Am Asaz: Pompjeeë kämpfe géint d’Flame vun engem vun de sëlleche Feieren, déi et am September a Portugal gouf an zum Deel nach ëmmer gëtt.
© AFP

Seng Hëlleflosegkeet bedaueren an inaktiv bleiwen, dat war fir de Silva Duarte awer keng Optioun. Via Facebook huet e virun e puer Deeg en Opruff gestart, fir den Affer a Portugal ze hëllefen. E Samschdeg, 21. September geet seng Spendenaktioun iwwer d’Bün: “Vu moies 6 bis owes 18 Auer sinn ech zu Dikrech an der Salle des fêtes nieft der Kierch. D’Leit kënnen einfach beim Geriicht parken an dann d’Saachen eriwwerbréngen. Am beschte viru 16 Auer.

D’Adress vum Festsall zu Dikrech, deen d’Gemeng zur Verfügung gestallt huet, ass 2, Rue des Écoles. De Silva Duarte hofft, datt méiglechst vill Leit seng Aktioun ënnerstëtzen. An och wann d’Initiativ vun him ausgaangen ass, ganz eleng ass en awer net, well een eleng krit esou e Projet kaum gestemmt. Dem Silva Duarte hëllefen direkt e puer Kolleegen a Kolleeginnen.

Hëllef fir déi, déi hëllefen

Si all sammele geziilt, fir déi Pompjeeën, déi an de betraffene Géigenden am Asaz sinn, ze ënnerstëtzen, awer och fir soss Affer vun de Flamen, déi alles verluer hunn.

Dat, wat direkt sur place gebraucht gëtt, also Gedrénks (Waasser, Energydrinks ...) a Liewensmëttel (och Déierefudder), dat gëtt e Samschdeg vum Hugo Pereira an Empfang geholl. Aner Saachen, déi eng Grëtz manner presséieren an och net kënne verdierwen, wéi Kaffismaschinnen, Decken, Tapisen asw., dorëm këmmert sech d’Joana Correia. “Hatt hëlt alles, wat een esou am Alldag ka gebrauchen”, seet de Silva Duarte.

No engem Asaz: de Silva Duarte am Rettungshelikopter um Wee zréck.
No engem Asaz: de Silva Duarte am Rettungshelikopter um Wee zréck.

Hie selwer notéiert alles, wat vu wiem erakënnt. “Ech wëll alles genee opschreiwen, fir datt a Portugal beim Receptionéiere ka kontrolléiert ginn, ob och alles ukomm ass. Et ass eng wäit Rees an do wëll ech sécher goen, dann näischt verluer geet.” De Silva Duarte versprécht eng strikt Kontroll vun alle Gidder.

Ëm d’Logistik dovu këmmert sech den Dany Reis. Zwee Camione sinn e Samschdeg virgesinn: Ee soll sech e Méindeg a Richtung Portugal op de Wee maachen, deen aneren en Donneschdeg. Mam Zil, de Leit op der Plaz beim Hëllefen ze hëllefen oder hinnen den Neiufank eng Grëtz méi liicht ze maachen – och am wäiten, klenge Lëtzebuerg gëtt u si geduecht.

RTL-NEWS: Portugal - Ministerpresident rifft Noutstand aus.

Back to Top
CIM LOGO