
Et geet ëm d’Kategorien Abréch, Vollen a Vandalismus. Besonnesch beim Vol mat Gewalt fält eng Progressioun op. An der Proportioun vun de Mineure beim Total vun den Doten huet sech am genannten Zäitraum näischt geännert. Allerdéngs huet sech d’Zuel vu mannerjäregen Täter vun 947 am Joer 2019 op 1.734 am Joer 2023 quasi verduebelt. Bei den Infraktioune géint Persounen, wouzou och Frechheeten a Menacen gehéieren, huet sech d’Zuel vun de mannerjärege Schëllege souguer verdräifacht.
Bei de Protokoller a Relatioun mat Mannerjäregen, déi an de Jugend-Departementer vun den zwee Parqueten traitéiert gi sinn, gouf et an de leschte 5 Joer eng Progressioun vun iwwer 70%, fir sech zejoert op ronn 4.500 Protokoller ze chiffréieren.
Ënner anerem dës Zuelen nennen d’Justizministesch Elisabeth Margue an de Policeminister Léon Gloden, nodeem den DP-Norddeputéierten André Bauler eng parlamentaresch Fro gestallt hat.
Wéi et vun de Ministeren heescht, kéint een hei am Land allemol net vum Phänomen vu “Jugendbanden” schwätzen, déi eng besonnesch Gewalt un den Dag leeën.