Gilles Roth confirméiertEt kommen eng Partie Changementer a punkto Lokalitéite vun de Steierbüroen

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem ass geplangt an der Stad eng Partie Büroe beieneen ze leeën, déi bis 2026 en Ënnerdaach an engem neie Gebai op der Cloche d'Or fannen.
© Shutterstock

Bis 2035 soll iwwerdeems eng “Cité des contributions directes” um Kierchbierg entstoen.

Do kéinte bis zu 1.500 Leit schaffen. Als Site gëtt den Eck tëschent der Avenue John F Kennedy an der Rue Erasme gepréift. Da gi bis 2026 d’Büroe vun Dikrech an Ettelbréck regruppéiert an engem neie “Centre Administratif Nordstad” zu Ettelbréck.

D’Steierverwaltung zu Déifferdeng plënnert bannent der Uertschaft a méi modern Strukturen.

Dat alles äntwert den CSV-Finanzminister Gilles Roth senger Parteikolleegin, der Deputéiert Diane Adehm op eng parlamentaresch Fro.

Am Moment ass d‘Steierverwaltung op 24 Sitten am Land verdeelt, dat a 17 verschiddene Gemengen.

Back to Top
CIM LOGO