Wat ass lass a verschiddene Gemengen?"Et läit um Personalmanagement", esou FGFC

Carine Lemmer
Et ginn aktuell Problemer a verschiddene Gemengen. Rezent si mer op de Kaméidi an de Gemenge Conter a Sandweiler agaangen.

Wat ass lass a verschiddene Gemengen? / Reportage: Carine Lemmer

Déi eng Säit reprochéiert der anerer Säit falschen Ëmgang, schlechte Management an et geet Rieds vu Mobbing.
D’Gemengegewerkschaft FGFC wëll éischter no vir kucken, amplaz mat de Virwërf weiderzemaachen. Den FGFC-President Claude Reuter wëll weder Conter nach Sandweiler kommentéieren, et wäre generell méi Gemengen.

“Mir ginn dovun aus, dass et 10% si vun all de Gemengen, wou haart un der Grenz oder iwwer d’Grenz agéiert gëtt, wat mir jo och faktentechnesch op anere Plaze bewisen hunn.”

De Gewerkschaftspresident mengt, et wär elo éischter de Moment fir d’Hand ze reechen an ze kucken, wou de kruziale Problem läit.

“Also fir d’FGFC läit et um Personalmanagement. Wéi seet mäi Vizepresident ëmmer: et ass d’Kinneksdisziplin. A well mer hei eng Vermëschung hunn tëschent politeschen Entscheedungen a personaltechneschen Entscheedungen, also aus eiser Siicht kënnt de Maximum vun de Problemer eigentlech dohier.”

Séier geet bei sou Kaméidi Rieds vu Mobbing. Dat wär e sensibelt Theema.

“Mobbing ass eng Strofdot. Fir Mobbing gëtt et e Gesetz. D’ITM huet jo och bewisen, dass vill Dossieren erakommen an no hirem Jugement respektiv nom Text der net méi vill iwwreg bleiwen. Dat ass net ze kommentéieren. Ech mengen, si maache sécherlech propper hir Aarbecht. Ech denken awer, et sollt ee mol preziséieren, dass eng gewerkschaftlech oder politesch Ausernanersetzung net onbedéngt egal a Mobbing ass. Nach eng Kéier: Et sollt een oppassen, wann een dat Wuert Mobbing benotzt. Et si vill Leit, déi et hunn an déi grav Problemer domadder hunn an et sollt een deene kee Schlag an d’Gesiicht ginn.”

Wat kéint ee fir d’Zukunft verbesseren? Wéi kann eng besser Zesummenaarbecht tëscht Gemengepersonal a Politik ausgesinn? Dat ass fir de Claude Reuter déi wichteg Fro, dee sech iwwer déi positiv Reaktioun vum Syvicol freet.

“Den Emile Eicher sot, jo, Personalmanagement musse mer doriwwer schwätzen. A genau dat solle mer elo maachen. Mir sollen eis zesummesëtzen a kucken: wéi kréie mer de Personalmanagement geléist, wéi kréie mer d’Kompetenzen op déi richteg Plaze gesat a wéi kéinte mer et vläicht fäerdeg bréngen, dass d’Politik sech, ech nennen et elo mol, aus dem Micro-Management eraushält? D’Sécherheet an d’Gesondheet mat all sengen Aspekter, wou den Harcèlement dann och drënner fält, kéint ee vläicht bei der Reform vun der ITM kucken.”

D’FGFC wëll oppen an déi Diskussioun goen.

“Also wann ech eppes geléiert hunn, dann dass am Virfeld ze vill ze soen, fir eng Verhandlung net ganz gutt ass. Ech kann awer esou vill soen, et war jo emol déi Diskussioun iwwert de Chef d’administration, dee Projet de loi, deen d’Madamm Bofferding deemools bruecht huet. Esou maache mer et net. Also mir féiere keng politesch Beamten an. Wat d’Grondsazdiskussioun awer ass, nämlech eng gewëssen Trennung vu Kompetenzen, do si mer scho mat. An ech mengen, dass do e Konsens läit, wéi mer deen ëmsetzen, dat soll een da mam Patron zesumme kucken an och mat eise Personaldelegatiounen.”

Gewerkschaft a Patronat diskutéieren e Mëttwoch live bei eis op der Antenn. De Claude Reuter vun der FGFC an den Emile Eicher, President vum Gemengesyndicat Syvicol, sinn da moies um 8 am Face-à-Face.

Kaméidi a Conter-Gemeng – Buergermeeschtesch reagéiert: “Ech hunn nach ni ee gemobbt an ech wäert a mengem Liewen och kee mobben” (3.2.25)

Back to Top
CIM LOGO